mardi 10 novembre
20:00
Centre Culturel Kulturfabrik Esch

GENUCH ZE DINN – PREMIÈRE

𝗚𝗘𝗡𝗨𝗖𝗛 𝗭𝗘 𝗗𝗜𝗡𝗡

𝙎𝙖𝙢𝙪𝙚𝙡 𝙃𝙖𝙢𝙚𝙣, 𝙇𝙞𝙨𝙨 𝙎𝙘𝙝𝙤𝙡𝙩𝙚𝙨 

Et gëtt « genuch ze dinn » – an dësem Monolog genee sou wéi an der Welt, déi sech Lëtzebuerg nennt : Eng jonk Fra geréit op engem Festival an e Schluet. Op eemol ass si op sech zeréckgeworf, op hire Versuch, sech als Independante eng Zukunft mat engem Foodtruck opzebauen. Am Damp vum Kniddelswaasser stelle sech hir d’Froe vun engem souveräne Liewen : Wéi eng Ligen hunn hir d’Elteren als falsch Wäisheete mat op de Wee ginn? A wéi war namol d’Zesummeliewe mat hirem Ex, engem Auteur, dee sech just fir zwou Saachen interesséiert, fir sech selwer a fir d’Literatur? 

An der Mise en scène vun der Liss Scholtes gëtt d’Bün zu engem Fräiraum, deen d’Protagonistin fir sech reklaméiert. D’Anne Klein als Entrepreneuse flucht a beschwéiert sech, klot un a rëselt un engem Glécksverspriechen, dat fir ëmmer manner Leit zu Lëtzebuerg gëllt. Am Samuel Hamen sengem Monolog geet et séier ëm alles: ëm d’Iessen an ëm d’Léift, ëm falsch interkulturell Echangen an ëm d’Fräiheet, d’Wuert ze ergräifen, grad dann, wa kee bereet ass, engem nozelauschteren.

Photo Credit: Pit Reding 


𝗞𝗥𝗘𝗗𝗜𝗧𝗘𝗥:

𝗧𝗲𝘅𝘁:  Samuel Hamen

𝗥𝗲𝗴𝗶𝗲: Liss Scholtes

𝗠𝗮𝗺: Anne Klein

𝗠𝗮𝘁 𝗱𝗲𝗿 𝗞𝗼𝗻𝘁𝗿𝗶𝗯𝘂𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻 𝘃𝘂𝗺: Konstantin Rommelfangen

𝗭𝗲𝗲𝗻𝗼𝗴𝗿𝗮𝗳𝗶𝗲 𝗮 𝗞𝗼𝘀𝘁𝘂̈𝗺𝗲𝗿: Loriana Casagrande

𝗩𝗶𝗱𝗲𝗼: Gilles Seyler

𝗧𝗲𝗰𝗵𝗻𝗲𝘀𝗰𝗵 𝗥𝗲𝗴𝗶𝗲: Gilles Heinisch

𝗟𝘂𝘂𝗰𝗵𝘁𝗲𝗸𝗿𝗲𝗮𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻: Steve Demuth

𝗣𝗿𝗼𝗱𝘂𝗸𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻: Kulturfabrik

𝗞𝗼-𝗣𝗿𝗼𝗱𝘂𝗸𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻: Mierscher Theater

10.11.2026 à 20:00 Acheter des tickets
Retour