samedi 18 mars
20:00
Centre Culturel Kulturfabrik Esch

Uerdnung muss sinn

A sengem One-Man-Owend schafft de Christian Kmiotek mam Publikum drun, déi aktuell Theemen anzeuerdnen, auszesortéieren, z’erklären an nei ze tesselen. Mat spatzer Zong, Niveau an Humor hëlt hien aktuell Phänomener ënnert d‘Lupp: vum Alginn a vum Schwäerme vu fréier, iwwert den SUV an de Recycling, vu Verschwörungstheorien a bronge Gesellen, Dommheet an Nationalismus, bis zum alldeegleche Wansinn an der Famill an um Büro.

Alles, wat de Christian Kmiotek an eiser verwurrelter Welt zum Staune bréngt a wat eis all beweegt, gëtt op d’Schëpp geholl, mol bësseg, mol nodenklech. Heiansdo spréngt hien och aus der Këscht… an déi hien dach eigentlech Uerdnung brénge wollt.

  • Text & Spill: Christian Kmiotek 
  • Frëndlech Begleedung: Frank Feitler
  • Produktioun: Kulturfabrik
  • Buch zum Owend Verlag: Capybarabooks 
  • Karikatur: Carlo Schneider
18.03.2023 à 20:00 Acheter des tickets
Retour