mardi 14 avril - dimanche 19 avril
15:00 - 15:45
Escher Theater – Esch-sur-Alzette

Frederick

jonke Publikum 3-6 Joer

De klenge Theater-Brunch (12h00) an den Atelier de théatre parent-enfant (13h00) de 19/04 – Reservatioun iwwer Mail : reservation.theatre@villeesch.lu

.

From ECHO.lu

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. „Firwat schaffs du näischt?” froen di aner Mais. „Ma ech schaffen dach!” seet de Frederick. Hie sammelt Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Artist!

14.04.2026 à 15:00 Acheter des tickets
16.04.2026 à 15:00 Acheter des tickets
19.04.2026 à 11:00 Acheter des tickets
19.04.2026 à 15:00 Acheter des tickets
Retour