Theater. Kollektiv.
en Documentaire vum Anne Schiltz (75 min)
Op Lëtzebuergesch mat engleschen Ënnertitelen
Am Joer 1995 ass Lëtzebuerg fir d’éischt europäesch Kulturhaaptstad. Dëst ass e wichtege Moment fir d’Kulturpolitik vum Land: nei Plazen an Institutioune ginn opgebaut, gläichzäiteg sichen déi jonk Kulturschafend no Méiglechkeeten, fir hir Aarbecht professionell auszeféieren.
De multidisziplinären Theaterkollektiv Independent Little Lies (ILL), deen an deem selwechte Joer gegrënnt gëtt, huet sech zanterhier zu engem wichtege Pilier vun der lëtzebuergescher Theaterzeen etabléiert. Mat sengen innovativen an dacks experimentelle Produktiounen zielt ILL haut zu de markantste Stëmmen am Land.
Den Documentaire Theater. Kollektiv. erzielt d’Geschicht vun dësem aussergewéinleche Grupp mat Alldagszeenen, Archiven an Auszich aus Bünestécker. Aktuell a fréier Membere kommen dobäi genee esou zu Wuert wéi Expert·innen aus der lëtzebuergescher Kulturzeen.
Mam : Frédérique Colling, Jacques Schiltz, Jill Christophe, Sandy Artuso, Carole Lorang, Claire Thill, Marc Baum, Ian De Toffoli, Dirk Gindt, Josée Hansen, Florence Weber, Sandra Forgiarini, Elsa Rauchs, Claire Wagener, Théid Johanns & Anne Simon
Realisatioun a Schnëtt Anne Schiltz
Bild Philippe Lussagnet
Toun Carlo Thoss
Musek Emre Sevindik
Sound Design Angelo Dos Santos
Tounmix .Ken Nnganyadi
Etalonnage Carlo Thiel
Bruitage Labio Tsaganas
Grafik Henri Schoetter
Produktionsleedung Jill Christophe
Produktion Indepedent Little Lies – ILL
.
Mat der Ënnerstëtzung von Lëtzebuerger Filmfong, Stad Esch-sur-Alzette, ministère de la Culture
Um Boulevard
e Stopmotion-Film vum Michèle Tonteling (7 min)
ouni Sprooch / Muet
Eng bescheiden a roueg Plaz wou net vill geschitt. Trotzdeem verbreede sech Bedenken a
Skepsis iwwer Allméigleches. Verännerungen trieden an, an et kënnt Beweegung an de Buttek.
Soit, Gewunnechten a festgefueren al Mustere ginn ëmgehäit.