samedi 30 avril
16:00
Conservatoire de Musique

Schlappeconcert – De klenge Shiba a seng Schlaang Bonjhi

Kim Märkl Musek & originalen däitschen Text Romain Gross Klarinett Niels Engel Perkussioun Claude Clement Piano Sharon André Lëtzebuergesch Iwwersetzung, Konzept an Erzielung Endlech geet et lass mat dem éischte Schlappeconcert! D’Schlappeconcerten sinn eng nei Serie vu Familljeconcerten am Escher Conservatoire, gespillt an erzielt vun Enseignanten aus dem Escher Conservatoire mat Geschichte wou Wuert a Musek sech begéinen. De klenge Shiba an seng Schlaang Bonjhi De Shiba spillt de ganzen Dag am léifsten op senger Pungi an d’Bonjhi danzt dozou … Wat drolëch Nimm … Shiba … Pungi … Bonjhi? Aus wéi engem exotesche Land déi wuel stamen? Mir entféieren iech an Indien an erzielen iech déi 400 Joer al Geschicht vum Shiba, engem klenge Jong, deen als Schlaangendompteur net nëmmen seng Schlaang Bonjhi mat sengem Museksinstrument verzaubere kann, mee och eng wonnerschéin Prinzessin vu sengem gudden Häerz iwwerzeege wäert. Léif Kanner, et gëtt gemittlech, dofir bréngt alleguerten är Schlappe mat! Den Escher Conservatoire ass Member am Réseau Kulturpass. Programm: Dauer ca. 50min Alter: ab 4 Joer

Information de contact pour cet événement

Téléphone: 00352 27 54 97 25
E-mail: events.conservatoire@villeesch.lu
E-mail: reservation.conservatoire@villeesch.lu
Internet: http://conservatoire.esch.lu

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

30.04.2022 à 16:00 Acheter des tickets
Retour