vendredi 29 mars
20:30 -
Lycée de Garçons d’Esch-sur-Alzette

« Märd alors!!! » – eng bësseg Chronik – 2018 ënner d’satiresch Lupp geholl

No foffzéng Optrëtter uechtert d’Land, an dat mat groussem Publikumserfolleg, trieden déi zwee Artisten – Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti – mat hirer kabarettistescher Liesung Freides, den 29. Mäerz 2019 am Festsall vum LGE op. Nom ‘Sorry fir den Duercherneen’ (Réckbléck op d’Joer 2016) ass et en neie satiresche Réckbléck an zwar op d’Joer 2018, ënnert dem Titel: ‘Märd alors!!!’. Den Auteur Jhemp Hoscheit huet eng bësseg Chronik geschriwwen, an där déi national an international Aktualitéit mat vill Humor an Ironie, kritesch a wuertwitzeg ënner d’Lupp geholl gëtt. Hien trëtt am Wiesselspill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat Politsongs fir déi zousätzlech musikalesch Pointë suergt.

am Festsall vum LGEsch – Apéro: 19.30, Ufank 20.00

Reservatioun:      Iwwer Telefon um : 55 62 85-200 oder per Email op: secretariat@lge.lu

Fräien Entrée. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
 

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 55 62 85 200
E-mail: secretariat@lge.lu
Internet: http://lge.lu/2019/03/29-03-2019-ab-19h30-mard-alors-eng-besseg-chronik-mam-jhemp-hoscheit-a-julien-arpetti/
Organisateur: La direction et le comité des professeurs du Lycée de Garçons Esch

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour