mardi 23 juin
Centre Culturel Kulturfabrik

Kappkino

En Lauschterstéck a Lëtzebuerger Sprooch, produzéiert vun der Openscreen asbl
An Zesummenaarbecht mat der Kulturfabrik an dem radio 100.7
Kappkino ass e Projet vun der ASBL Openscreen a proposéiert engem erwuessene Publikum eng Rei vun Audiostécker. No engem éischte Versuch 2017 mat dem Stéck “Wou ginn Elteren Nuets hin" sollt de Projet 2020 nei opliewen, de Coronavirus huet deem awer e Strich duerch d ‘Rechnung gemat, sou datt all Prouwen an Opféirungen hu missen ofgesot ginn.
En attendant datt et kann 2022 am Escher Theater gewise ginn, ass e Kappkino spécial entwéckelt ginn. "Eng Geschicht ouni Baart" gëtt exklusiv um radio 100,7 ausgestraalt en Dënsdeg den 23.Juni 2020 ëm 8.00 an 18.00 Auer.
"Eng Geschicht ouni Baart" ass eng Optragsaarbecht vun der Asbl. Openscreen a Kollaboratioun mat dem CNA, an inspiréiert sech um Konschtmärchen “Der Schatten” vum Hans Christian Andersen. Geschriwwe gouf d’Stéck vun der Schrëftstellerin a Musikerin Claudine Muno; interpretéiert gëtt et vun der Erzielerin Betsy Dentzer; d’Musek ass vum Misch Feinen.

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 55 44 93 -1
E-mail: mail@kulturfabrik.lu
Internet: http://kulturfabrik.lu/fr/programmation/details/event/kappkino-1/

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour