“Däer muss een alles aus der Nues zéien. Du schwätz net. Sou wéi de Rescht vun denger Famill. Du an deng Schwëster, däer sidd genau d’selwecht. Däer sidd genau wéi är Mamm.“ Nom “Escher Meedchen” ass et elo um “Escher Bouf” seng Geschicht z’erzielen. Als Jong gouf de Gilles Zeien dovunner, wéi seng Schwëster Mona aus dem onschëllege Liewe gerappt gouf. Als Erwuessene wëll hien alles richteg, alles anescht wéi a senger Famill maachen: e Schoulofschloss, eng Staatsplaz, en Haus, eng Fra an zwee Kanner. Ma déi nei Uerdnung verhënnert net, datt och dem Gilles seng Welt aus dem Takt geréit: Seng Fra wëll net méi just d’Maskottche vum biergerleche Liewen u senger Säit sinn. Och d’Vergaangenheet, déi hie mat senger Schwëster deelt, léisst hien net zur Rou kommen. An de Gilles muss agesinn: Ze laang waren Traumaen an Tabuen d’Piliere vu senger Existenz. An dësem Stéck, dat un d’Traditioun vum Vollekstheater uknäppt, schreift d’Mandy Thiery op en Neits iwwer familiär Wonnen, doriwwer wéi een als Brudder, Papp a Mann reagéiert, wa beim eegene Liewensmodell de Botz bréckelt.
Produktioun – Escher Theater
Text – Mandy Thiery
Regie – Carole Lorang
Bünebild a Kostümer – Peggy Wurth
Choreographie – Claudia Urhausen
Artistesch Kollaboratioun – Renelde Pierlot
Mam Marc Baum, Clara Hertz, Rahel Jankowski, Max Thommes