samedi 21 mars
16:00 - 17:00
Conservatoire de Musique de la Ville d’Esch/Alzette

D’Lidd vum Torero

D’Schlappeconcerte sinn eng Serie vu Familljenconcerten, wou sech Wuert a Musek begéinen a gi gespillt an erzielt vun Enseignanten aus dem Escher Conservatoire.

From ECHO.lu

Am zweete Schlappeconcert vun dësem Joer geet d‘Rees a Spuenie bei de Bernardo a säi Bopa. Dem klenge Bernardo säi Bopa spillt schonn säi ganzt Liewe laang leidenschaftlech Gittar. Enges Dages erzielt dëse sengem Enkel eng onvirstellbar Geschicht aus senger eegener Kandheet. „Bernardo, wou ech sou al war wéis du, huet mäi Papp beschloss dass ech sollt een Torero ginn…“ Mee ass et wierklech dozou komm?

Kanner bréngt all är Schlappe mat, well et gëtt gemittlech!

.

Et wierke mat: Christian Peckels (Gittar), Jérémy Ricard (Gittar), Sharon André (Erzielung, Iwwersetzung a Konzept).

Dauer ca. 50 Min., Alter: ab 4 Joer

21.03.2026 à 16:00 Acheter des tickets
Retour