jeudi 19 octobre
19:00
Centre Culturel Kulturfabrik

Konferenz Iwwert D’mental Gesondheet an der Konschtgemeinschaft

Mat Konscht un d’Grenze goen – sech als Artist*in mat (senger) Gesondheet  ausernee setzen

>> Konferenz virum Theaterstéck 4.48 Psychosis, de 27. an 28. Oktober 2023 an der Kulturfabrik.

Ëmmer méi Kënschtler*innen thematiséieren an hirer Aarbecht Gesondheet – kierperlech wéi och mental – an kommen dobäi och un hir eege Grenzen. Well d’artistesch Aarbecht setzt ëmmer viraus, dass een sech an seng Themen aschafft, dass ee sech mat Kierper a Séil gëtt, a sech dem Public weist, mat all senge Vulnerabilitéiten. 

Mir ënnerhalen eis mat Artist*innen aus dem performative Beräich iwwert hier Erfarung, iwwert hir Grenzen, an wéi se sech bei aller kreativer Expressioun schütze kënnen.  

Mat der Participatioun vum Catherine Elsen, Renelde Pierlot, Jennifer Lopes Santos an Alisha Leyder ; moderéiert vum Sandy Artuso.

D’Table-Ronde ass op lëtzebuergesch. 

 

Retour