vendredi 25 avril
20:00 - 21:45
Théâtre d’Esch

Anplackt

Mat hirem Programm Anplackt geet et fir de Serge Tonnar a seng Band zeréck bei d’Wuerzelen. Duerch e besonnesche Fokus op akustesch Kläng loossen sech d’Lidder vun der bekannter Gruppéierung frësch an nei entdecken. Inspiratioun zéien déi fënnef Kënschtler ë. a. aus der Weltmusek, aus Balladen a Protest-Songs. Am Zentrum steet dobäi den Album Jo an Amen, deen d’Band tëscht 2020 an 2022 opgeholl huet. Dës extrem Zäit hannerléisst hir Spueren am Serge Tonnar sengen Texter. De Stëlltefëller, wéi hien sech nennt, séngt iwwer d’Grondsätz, déi eng Gesellschaft ausmaachen; et geet ëm Natur a mënschlech Fräiheet, ëm Liewen an Doud, ëm Frëndschaft a Léift.

Gittar a Gesang – Serge Tonnar

Piano – Eric Falchero

Brëtellspiano – Ben Claus

Bass – Rom Christnach

Batterie – Dirk Kellen

25.04.2025 à 20:00 Acheter des tickets
Retour