dimanche 14 janvier
11:00 - 15:45
CineAriston

ZongenZodi

Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net? Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wieder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren?

Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen!

De klengen Theater Brunch : Sonndes Mëttes proposéieren mir iech ee Brunch an uschléissend een Atelier fir Kanner mat hieren Elteren!

No der Virstellung vum Sonndeg proposéieren mir iech ee Brunch am Café vum Ariston mat enger uschléissender Virstellung vum Stéck Escher Bouf.

Koproduktioun – Escher Theater ; Erzielkonscht a.s.b.l.

Vun a mam Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer

Bünebild a Kostümer – Peggy Wurth

Luucht – Domenic Koehler

Bléck vu baussen – Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons

14.01.2024 à 11:00 Acheter des tickets
14.01.2024 à 15:00 Acheter des tickets
Retour