dimanche 05 février
11:00 - 15:45
CineAriston

ZongenZodi an aner stëmmlech Spillereien

Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran.

Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net?

Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wieder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren?

Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen!

Produktioun Escher Theater

Mat Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer

05.02.2023 à 11:00 Acheter des tickets
05.02.2023 à 15:00 Acheter des tickets
Retour