samedi 16 mars - dimanche 17 mars
21:00 - 01:00
Escher Theater – Esch-sur-Alzette

Wou ginn Elteren nuets hin?

Alter: 13 – 99
Dauer : 75’
op Lëtzebuergesch

Mir huelen Iech mat op eng Klangrees duerch déi eng Nuecht, jo, genau déi, wou d’Eltere fort ginn.
Sidd ganz Ouer, lauschtert d’Geschicht, verfollegt di sensibel Audio-Inzenéierung déi live virun Iech entsteet. Kommt mat op eng skurril fantastesch Rees duerch e gelunge kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn. „Kappkino“ geet duerch d’Ouer an d’Gehiir. De Nolauschterer mécht et sech a sengem Sëtz bequem an ass fir 75 Minutten säin eegene Billermecher an Acteur, an enger fantastescher Geschicht déi duerch d’Nuecht féiert. Et ass alles live, all Toun, all Wuert gëtt live op der Bühn gespillt. Mee déi Bühn kann ee just erroden, et spiert ee Präsenzen, heiansdo gesäit een eng Beweegung mee d’An gëtt net gefiddert, d’Haaptsach leeft iwwert d’Ouer an de Kapp of. Eréischt ganz zum Schluss, wann d’Nuecht eriwwer ass, gesäit ee wat een déi ganzen Zäit gehéiert huet, an d’Biller am Kapp stëmmen oft net mat der Realitéit iwwereneen. Et geet ëm e Kand, deem seng Elteren owes einfach fort ginn, ouni eppes ze soen. Hat geet op d’Sich no hinnen a begéint interessante Personnagen, déi him de Wee duerch d’Nuecht weisen. Et ass eng Geschicht vun Transitioun, vum Groussginn. Eng Geschicht vu Konfrontatioun mat Ängschten a vum Meeschtere vu schwierege Situatiounen. Jidderee fënnt sech an der Geschicht erëm.

Lauschtersteck vum
Claudine Muno
Iddi a Produktioun:
Tanja Frank
Regie:
Dan Tanson
Erzielung:
Betsy Dentzer
Musek:
Nataša Grujovi (Zéiharmonika), Michel Feinen (Perkussioun & Objeten)
Produktioun:
Openscreen asbl
Koproduktioun:
opderschmelz – Centre Culturel Régional Dudelange, CNA – Centre National de l’Audiovisuel
Ënnerstëtzung:
Focuna, Ministère de la Culture, neimënster, OEuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte
Photo:
Emile Hengen
 

Information de contact pour cet événement

Internet: https://theatre.esch.lu/

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

16.03.2019 à 20:00 Acheter des tickets
17.03.2019 à 16:00 Acheter des tickets
Retour