vendredi 12 février - dimanche 14 février
Théâtre d’Esch

Um Stamminee

En Hommage un de Lëtzebuerger Auteur Pir Kremer. Mat senge Stamminee- a Revue Texter, Lidder a Gedichter gëtt e Stéck Lëtzebuerger populär Ënnerhalungsgeschicht ausgegruewen, analyséiert an aus dem Bléck vun haut verständlech gemaach. D’Equipe ronderëm de Regisseur Claude Mangen zeechent e Gesellschaftsportrait duerch de Mond vum Satiriker! De Spektakel sicht mat gesonder Distanz de Sound vun de 60er a 70er Joren artistesch a musikalesch anzefänken.
FC Schinnegebeess oder Ran an de Goal, Dem Tobby Säin Hobby an den Hunn Op Der Bunn, all dës beléifte Lidder verziele vun engem Liewensgefill, vun där neier Fräizäit an deene ville Veräiner, déi deemools entstane sinn. Bei äis doheem an der Familljen, Ech Sin Up-To-Date oder Ech brauch kee Mann besangen dat neit Fraebild a verspotten deem Léiwe Männchen seng Naupen. Am Lidd Et Ass Eriwwer verzielt de Pir Kremer, wéi 1967 de Militärdéngscht ofgeschaaft gouf a mat der Ballade De Massaker op der neier Bréck hëlt hien d’Verkéiers Situatioun beim Pole Nord op d’Schëpp.

Sprooch – Lëtzebuergesch

Collage a Regie
Claude Mangen
Text an Dramaturgie
Sarah Rock
Musikalesch Leedung an Arrangementer
Georges Urwald
Bühn
Jeanny Kratochwil
Kostümer
Ulli Kremer
Live Musek
Jessica Quintus (Saxophon), Gilles Burgund (Trompett), Tom Wiot (Kontrabass), Max Sauber (Perkussioun), PIK Band / Georges Urwald (Piano)
Spill a Gesang
Jeff Elcheroth, Véronique Kinnen, Deborah Marinkovic, Rafael Parrinha

 

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 2754 5010 / 5020
E-mail: reservation.theatre@villeesch.lu
Internet: https://theatre.esch.lu/

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour