samedi 21 novembre
Centre Culturel Kulturfabrik

Tuys / Aircheck

Tuys sinn onwarscheinlech jonk zesummekomm a bréngen zanter 8 Joer Indie-Musek eraus, déi si och op internationale Büne verteidegen. Wärend de Sound an d’Spillen iwwert d’Zäit u Finesse, d’Sujet’en an d’Energie un Déift gewonnen hunn, sinn och Kreativitéit an Experimentéierfreedegkeet explodéiert. D’Band huet zu engem neie Sound fonnt, mat psychedeleschen a progressiven Elementer, déi eng  ganz eegen Handschrëft droen.
Keng aner Band war trotz Pandemie dëst Joer sou aktiv wéi Tuys. De Quartett huet sech vum Indie Rock op den Terrain vum Weirdo-Pop gewot. “A Curtain Call for Dreamers” ass eng introspektiv a psychedelesch Rees an d’Dramwelt vun de Museker.
Den 21. November interpretéiere si dëst Wierk live an der Kulturfabrik, am Kader vun eiser eiser neier Serie vu Live-Sessions.
Aircheck – organiséiert vum radio 100,7 an der Kulturfabrik.
TUYS, den 21. November live an der Kulturfabrik an um radio 100,7.
Mir iwwerdroen d’Session vu 5 Auer un.

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 55 44 93 -1
E-mail: mail@kulturfabrik.lu
Internet: http://kulturfabrik.lu/fr/programmation/details/event/tuys/

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour