Grouss Melodien, haart Beats an Texter déi ënnert d’Haut ginn : den 13. Oktober presentéiert den Tun Tonnar aka Turnup Tun säin neien Album „Nuit Blanche“ hei an der Kufa.
Dësen Album fungéiert als Nofollger op den Album „Realtalk“ deen am Abrëll 2023 rauskomm ass a behandelt Theme wéi verluere Léift, Handy- a Social Media Ofhängegkeet an aner perséinlech Dämone vum Artist. Als Ënnerstëtzung deen Owend huet den Turnup Tun säi klenge Brudder luk. an déi lëtzebuergesch Sängerin Irem dobäi, déi fir de Public wäerte waarm maachen. Fir d‘Aftershow suergt de lëtzebuergeschen DJ-Duo Contrôle Technique.
Een Owend voller Musek an Emotiounen, deen een op kee Fall verpasse sollt!
De superbes mélodies, des rythmes durs et des paroles qui collent à la peau : le 13 octobre, Tun Tonnar alias Turnup Tun présente son nouvel album “Nuit Blanche” ici à la Kufa.
Cet album fait suite à l’album “Realtalk” sorti en avril 2023 et traite de problèmes tels que l’amour perdu, la dépendance aux réseaux sociaux et d’autres démons personnels de l’artiste. Comme première partie, Turnup Tun invité son petit frère luk. et la chanteuse luxembourgeoise Irem, qui sauront réchauffer le public. Le duo de DJ luxembourgeois Contrôle Technique assurera l’aftershow.
Une soirée pleine de musique et d’émotions à ne pas manquer !