samedi 25 mars
16:00 - 16:45
Conservatoire de Musique de la Ville d’Esch/Alzette

Till Eilespigel

Malou Garofalo, Romain Gross

Klarinett

Serge Kettenmeyer

Perkussioun

Sharon André

Erzielung, lëtzebuergesch Iwwersetzung, Konzept

Beim 2. Concert aus der Serie vun den Schlappeconcerte geet et em den Till Eilespigel. Losst Iech erzielen, méi genau gesot vun engem Museksstéck erzielen, wat dëse lëschtege Schallek sou gedriwen huet.

Till Eilespigel

De Richard Strauss huet sech virun engem Joerhonnert a sengem Wierk „Till Eulenspiegels lustige Streiche“ Melodien ausgeduecht wou e ganzen Orchester dem Till seng Spiichten erklénge léisst.

Den Till Eilespigel selwer soll der Iwwerliwwerung no awer scho viru 600 Joer säin Onwiese gedriwwen hunn: am Mëttelalter. Deemools war d’Liewe ganz anescht ewéi haut, a säitdeem ginn seng Spichten ëmmer nees weidererzielt.

Mee ee ganzen Orchester passt awer net an eng Stuff eran! Dofir spille mer dem Emilio Lede sein Arrangement vir zwou Klarinetten an Perkussioun.

Wéi eng Melodien gi gespillt, wann den Till Eilespigel eng Grimass schneit oder engem d’Zong rausstreckt? Wéi klengt et wann den Till op der Maartplaz eng stëppst?

Kanner, bréngt all är Schlappe mat, well et gëtt gemittlech.

Programm :

no dem Richard Strauss sengem „Till Eulenspiegels lustige Streiche“

Bearbechtung an Text: Emilio Lede

Dauer: ca. 45min

Alter: ab 4 Joer

25.03.2023 à 16:00 Acheter des tickets
Retour