mercredi 08 avril
Théâtre d’Esch

Revue 2020

De Cabarä “Nei Revue” vum 2. Abrëll bis 4. Mee ënnerwee

Den 2. Abrëll geet et lass! Dann ass d’Revue, dee beléifte Lëtzebuerger Cabarä, nees do!
Den Ensemble “Nei Revue Asbl” steet mat engem lëschtegen an ofwiesselungsräiche
Programm op de Brieder, a féiert domat déi grouss Lëtzebuerger Theatertraditioun weider.
Humoristesch zäitkritesche Sketcher a Lidder loossen dat vergaangend Joer zu Lëtzebuerg
Revue passéieren. Laachen ass ugesot!

Nodeems d’Revue ee Joer ausgefall war, hu si virun zwee Joer mat enger zum Deel remaniéierter Ekipp den Neiufank gemaach. A et gouf gesot datt et guer net esou schlecht
war! Mëttlerweil hu si dee richtege “Rytme de Croisière” fond a spillen och dëst Joer nees
am Abrëll an am Mee op enger ganzer Rei vu Plaazen am Land. Si si gewëllt och 2020 mat däer positiver Entwécklung weiderzefueren an de Publikum mat hire flotte satirësche Sketcher a Lidder un d’Laachen ze kréien.

Ennert de Regie vum Nico Lessyn spillen: Dana Zangerlé, Liliane Luyckfassel, Brigitte Bintz, Stéphanie Welbes, Gérard Heinen, David Bettinelli, Rafael Parrinha, Marc Camy a Ricardo
Vieira.
Geschriwwe goufen d’Stécker aus de spatze Fieder vun: John Moris, Marc Weidert, Liliane Luyckfassel a Gast Zangerlé.

Den Ufank gëtt gemat am Kapuzinertheater an der Stad all Daag vum 2. bis den 5. Abrëll
2020. Duerno gi si an den Escher Theater all Daag vum 8. bis den 10. Abrëll léicht et dann an de Käerjenger Treff geet, an dat all Dag vum 17. bis de 19. Abrëll. Duerno sinn si am CAPE zu Ettelbréck all Dag vum 23. bis den 26. Abrëll a spillen uschléissend zu Bartreng am ARCA  all Dag vum 27. bis den 29. Abrëll. Zum Schluss geet et an de Cube 521 op Maarnech, wousi den 03. an den 04. Mee optrieden.

Weider Detailer fand dir op www.neirevue.lu

 

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 2754 5020
E-mail: reservation.theatre@villeesch.lu
Internet: https://theatre.esch.lu/
Organisateur: Nei Revue Asbl

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

08.04.2020 à 20:00 Acheter des tickets
09.04.2020 à 20:00 Acheter des tickets
10.04.2020 à 20:00 Acheter des tickets
Retour