Den 4. Abrëll ass et nees esouwäit, dann trëtt den Ensemble « Nei Revue asbl. » seng Tournée uechtert d’Land mat der REVUE 2019 un ! Dee beléifte Lëtzebuerger Cabaret-Theater huet och dëst Joer erëm e lëschtegen an ofwiesselungsräiche Programm virgesinn. Humoristesch zäitkritesch Sketcher a Lidder loossen dat vergaangend Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren. Laachen an Nodenke sinn ugesot !
Et spillen : Will Aust, David Bettinelli, Brigitte Binz, Marc Camy, Gérard Heinen, Liliane Luyckfassel, Rafael Parrinha, Ricardo Vieira, Stéphanie Welbes an Dana Zangerlé
D’Regie féiert den Nico Lessyn, assistéiert vum Willy Blommaerts
D’Texter si geschriwwe gi vun Marc Weidert, Roland Kalté, John Moris, Gast Zangerlé a Liliane Luyckfassel
Weider Detailer fand dir op www.neirevue.lu
Information de contact pour cet événement
Téléphone: +352 2754 5010
E-mail: reservation@theatre.villeesch.lu
Internet: https://theatre.esch.lu/
Organisateur: Nei Revue
Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus