jeudi 21 novembre
Centre Culturel Kulturfabrik

Pub Quiz

ECPAT Luxembourg ass eng lëtzebuergesch ONG déi fir den Schutz vu Kanner géint d’sexuell Ausbeutung kämpft an déi vum Ausseministère agreéiert ass. Mir hu lokal Büroen am Mali an am Nepal a mir schaffen mat lokalen Partner zesummen. An Asien hu mir Projeten am Nepal an an Indien an an Afrika am Mali, am Burkina Faso, am Niger, am Senegal, am Cap Vert an a Marokko. Eis Projeten bestinn aus Sensibiliséierung, dem Schutz vun den Affer an vun vulnerabelen Kanner an hir Rehabilitatioun an Reinsertioun, souwéi Plaidoyer an Recherche. Mir hunn och Projeten zu Lëtzebuerg, wou mir Sensibiliséierung an Plaidoyer maachen.
 
Mir organiséieren eng Jet Eventer am Kader vun eiser ECPAT Woch ronderëm den 18. November, den europäeschen Dag vum Schutz vun de Kanner géint d’sexuell Ausbeutung an den sexuellen Mëssbrauch. Den 21. November fannt dir eis um 19.30 Auer am Ratelach zu Esch-Uelzecht, wou dir bei eisem Pub Quiz matmaachen kënnt. En ass ob Englesch an ob Lëtzebuergesch. Un dësem Owend wëllen mir en flotten Event mat der Sensibiliséierung iwwert eis Thematik an iwwert d’Länner an deenen mir schaffen mëschen. Et wäerten seriö an manner seriö Froen zu de Kannerrechter, iwwer Volontourismus, iwwert d’Länner an deenen mir schaffen an villes méi ginn. Kommt a gewannt flott Präisser, amuséiert iech a léiert gläichzäiteg eppes iwwert eist Thema!

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 55 44 93 -1
E-mail: mail@kulturfabrik.lu
Internet: http://kulturfabrik.lu/fr/programmation/details/event/pub-quiz/

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour