De 17. Abrëll 2023 um 19.00 Auer, am Kader vun hirer Generalversammlung, an Zesummenaarbecht mam Centre national de l’audiovisuel (CNA), invitéieren d’Frënn vum Resistenzmusée op d’Projektioun vun enger digitaliséierter Versioun vum Film « SCHWAARZE SCHNÉI », mat Explikatioune vum Historiker Yves Steichen vum CNA, an den Ariston op Esch-Uelzecht.
Am Kader vum 40. Anniversaire vum Enn vum Zweete Weltkrich hu sech 26 Lëtzebuerger Iwwerliewenden aus dem KZ am Camp Natzweiler-Struthof versammelt, dorënner de Kulturminister Robert Krieps (LSAP) an de kathoulesche Paschtouer Monseigneur Jean Bernard. Am Film erziele si wat se an de Lageren erlieft hunn.
« Schwaarze Schnéi », 1985 vum AFO-Film op Initiativ vum Robert Krieps gedréint, ass deen éischte lëtzebuergeschen Documentaire iwwer d’Konzentratiounslager a sammelt Zeienaussoen, déi esou authentesch wéi aussergewéinlech sinn.
Joer : 1985
Dauer : 45 Minutten
Sprooch : Lëtzebuergesch
Réalisatioun: AFO-Film, Paul Scheuer, Maisy Hausemer, Georges Fautsch
Wéini
Méindes, den 17. Abrëll 2023
Auerzäit
19 Auer
Wou
Ariston, rue Pierre Claude, Esch-Uelzecht
Den Event op Facebook
https://fb.me/e/14JrBAJr5
Frënn vum Resistenzmusée FB-Säit
https://www.facebook.com/FrennResistenzmusee
CNA FB-Säit
https://www.facebook.com/cna.luxembourg
Musée FB-Säit
https://www.facebook.com/MuseeResistance/