De 17. Abrëll 2023 um 19.00 Auer, am Kader vun hirer Generalversammlung, an Zesummenaarbecht mam Centre national de l’audiovisuel (CNA), invitéieren d’Frënn vum Resistenzmusée op d’Projektioun vun enger digitaliséierter Versioun vum Film “SCHWAARZE SCHNÉI”, mat Explikatioune vum Historiker Yves Steichen vum CNA, an den Ariston op Esch-Uelzecht.
Am Kader vum 40. Anniversaire vum Enn vum Zweete Weltkrich hu sech 26 Lëtzebuerger Iwwerliewenden aus dem KZ am Camp Natzweiler-Struthof versammelt, dorënner de Kulturminister Robert Krieps (LSAP) an de kathoulesche Paschtouer Monseigneur Jean Bernard. Am Film erziele si wat se an de Lageren erlieft hunn.
“Schwaarze Schnéi”, 1985 vum AFO-Film op Initiativ vum Robert Krieps gedréint, ass deen éischte lëtzebuergeschen Documentaire iwwer d’Konzentratiounslager a sammelt Zeienaussoen, déi esou authentesch wéi aussergewéinlech sinn.
Joer : 1985
Dauer : 45 Minutten
Sprooch : Lëtzebuergesch
Réalisatioun: AFO-Film, Paul Scheuer, Maisy Hausemer, Georges Fautsch
Wéini
Méindes, den 17. Abrëll 2023
Auerzäit
19 Auer
Wou
Ariston, rue Pierre Claude, Esch-Uelzecht
Den Event op Facebook
https://fb.me/e/14JrBAJr5
Frënn vum Resistenzmusée FB-Säit
https://www.facebook.com/FrennResistenzmusee
CNA FB-Säit
https://www.facebook.com/cna.luxembourg
Musée FB-Säit
https://www.facebook.com/MuseeResistance/
Retour