vendredi 11 mars
20:00 - 22:30
Maison des Arts et des Etudiants

Prix de la musique – Rotary Club Esch-sur-Alzette

Direction
Lieutenant Colonel
Jean-Claude Braun

De Rotary Club Esch huet am Kader vun de Feierlechkeeten vu sengem 50sten Anniversaire am Joer 2010 de Prix de la musique – Rotary Club Esch-sur-Alzette an d’Liewe geruff. Mat dësem Präis ënnerstëtzt de Rotary Club Esch jonk Studenten aus dem Escher Conservatoire, déi am vergaangene Schouljoer duerch aussergewéinlech Leeschtungen iwwerzeegt hunn.

Fir dës zwieleft Editioun, war et nees méiglech, d’Lëtzebuerger Militärmusek ze engagéieren. Déi jonk Laureaten, déi am Kader vum Musekspräis vum Rotary Club Esch erausgesicht goufen, wäerten dobäi als Solist optrieden.

D’Lëtzebuerger Militärmusek

An der Festungsstad Lëtzebuerg gouf et ni lëtzebuergesch Truppen an dofir och keng Militärmusek. Réischt 1815 huet de Wiener Kongress d’Groussherzogtum Lëtzebuerg geschaf, d’Stad Lëtzebuerg zur Festung vum Däitsche Bond ernannt a vum Land gefuerdert ee Lëtzebuerger Okkupatiounskontingent ze stellen. Réischt 1842 gouf decidéiert fir zwee Jeeërbataillounen ze schafen, déi allen zwéin eng Militärmusek kréie sollten.

Den 1. Batailloun, deen an der Abteistad Iechternach stationéiert war, huet di éischt Militärmusek op d’Bee gestallt. Mat hir huet d’Geschicht vun eiser éischter an aktueller Militärmusek ugefaang. Mat engem Effectif vun 25 bis 29 Mann huet dës Musek no an no an deenen nächste Joren hir kënschtleresch Aktivitéit erweidert. Si huet dobäi awer och d’Ufuerderonge vum Militärdéngscht wéi Paraden, Exercicen, Zeremonien asw net vernoléissegt.

Zënter dem 01 August 2012 ass den Lieutenant-colonel Jean-Claude Braun, Chef vun der Militärmusek an Chef-adjoint ass zënter dem 4. Juni 2014 den Adjudant-Major Christian Kirpes.

D’Groussherzoglich Militärmusek ass een Harmonieorchester, deen sech aus sechzeg Beruffsmuseker zesummesetzt an deen direkt dem Chef d’État-Major vun der Arméi ënnerstallt ass.

Ënner verschiddene Formatiounen offréiert si eng grouss Zuel vun ëffentleche Concerten, sief dat bei eis am Land oder am Ausland. Pro Joer kann een an der Moyenne fofzeg Concerten rechnen. Do derbäi kommen dann nach eng grouss Zuel vu musekaleschen Enregistrementer.

D’Lauréaten an de Programm vum Owend gin zu engem spéideren Zäitpunkt matgedeelt.

Adresse vum Owend: Maison des Arts et des Étudiants
Campus Universitaire Belval | Avenue de la Fonte | L-4362 Esch-Uelzecht

Retour