mercredi 17 avril - dimanche 21 avril
20:00 - 18:15
CineAriston

Nornen

“Weess du, wéi dat gëtt?” Ronderëm e Buer stinn dräi Fraen a flechte Seeler. Et si mystesch Gestalten, Schicksalsgëttinnen, och “Nornen” genannt. Et ass net Är Schold, wann Dir nach ni vun hinnen héieren hutt. Ze laang goufen si am Schied vu méi lukrativen nordesch-mythologesch-marveleske Personnage wéi Thor, Odin a Loki vergiess. Héchsten Zäit, datt och hir epesch Geschicht erzielt gëtt. D’Geschicht vun hirem Asaz fir d’Gläichgewiicht vum Universum, vun hirem Kampf géint d’Muechte vum Chaos, d’Geschicht dovunner, wéi si d’Geschicht vun alle Geschichten erfanne mussen, fir d’Gëtter an déi Stierflech an hirem Bann ze halen.

No der Virstellung den 4. Abrëll invitéiere mir Iech op e Nogespréich am Bar vum Ariston mat de Kënschtler.

Koproduktioun – Escher Theater ; Kasemattentheater

Konzept a Regie – Jacques Schiltz, Claire Wagener

Kostümer a Bünebild – Michèle Tonteling

Luucht – Marc Thein

Textdramaturgie – Samuel Hamen

Mam Frédérique Colling, Catherine Elsen, Anne Klein

Produktiounsleedung – Jill Christophe

17.04.2024 à 20:00 Acheter des tickets
18.04.2024 à 20:00 Acheter des tickets
20.04.2024 à 20:00 Acheter des tickets
21.04.2024 à 17:00 Acheter des tickets
Retour