jeudi 31 janvier
21:00 -
Centre Culturel Kulturfabrik Esch

Märd alors !!! mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

Wéi scho mam ”Sorry fir deen Duercherneen” – e satiresche Réckbléck op d’Joer 2016 –, mat deem de Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit 2017 mat groussem Erfolleg op Tournée waren, trieden déi zwee Artisten nees 2019 uechter d’Land op: mam neie satiresche Réckbléck op d’Joer 2018, ënnert dem Titel: ‘Märd alors!!!’. Et ass eng ofwiesslungsräich kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2018 geschitt ass. Dat vergaangent Joer gëtt ënner d’satiresch Lupp geholl. Den Auteur Jhemp Hoscheit huet eng bësseg Chronik geschriwwen, an där déi national an international Aktualitéit mat vill Humor an Ironie, kritesch a wuertwitzeg ënner d’Lupp geholl gëtt. Hien trëtt am Wiesselspill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat Politsongen fir déi zousätzlech musikalesch Pointë suergt.

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour