lundi 04 novembre
19:30 - 21:00
Musée National de la Résistance

Lëtzebuerger Filmowend mam Geneviève Mersch @Musée, Esch-sur-Alzette

𝗗’𝗙𝗿𝗲̈𝗻𝗻 𝘃𝘂𝗺 𝗥𝗲𝘀𝗶𝘀𝘁𝗲𝗻𝘇𝗺𝘂𝘀𝗲́𝗲 𝗹𝘂𝗲𝗱𝗲𝗻 𝗮𝗻 𝗼𝗽 𝗲 𝗙𝗶𝗹𝗺𝗼𝘄𝗲𝗻𝗱 𝗮𝗺 𝗠𝘂𝘀𝗲́𝗲:

 

From ECHO.lu

Mam Filmexpert 𝗬𝘃𝗲𝘀 𝗦𝘁𝗲𝗶𝗰𝗵𝗲𝗻 (𝗖𝗡𝗔) an a Präsenz vun der Realisatrice 𝗚𝗲𝗻𝗲𝘃𝗶𝗲̀𝘃𝗲 𝗠𝗲𝗿𝘀𝗰𝗵 geheie mer e Bléck op 2 vun hiren Dokumentarfilmer iwwer d’Nowéie vum 2.Weltkrich.

 

Profitéiert vun der rärer Geleegenheet, dës 2 Filmer ze gesinn !

 

https://www.facebook.com/FrennResistenzmusee

 

 

𝗦𝗘𝗡𝗧𝗜𝗠𝗘𝗡𝗧𝗔𝗟 𝗝𝗢𝗨𝗥𝗡𝗘𝗬

1995, 43 min., LU/DE

sous-titres français

english subtitles

 

Am Film vun 1995, léisst d’Geneviève Mersch souwuel fréier US-amerikanesch, ewéi och däitsch Zaldoten zu Wuert kommen, déi 50 Joer no der Ardennenoffensiv d’Dierfer am Norde vu Lëtzebuerg besiche, wou si am Wanter 1944-1945 gekämpft hunn.

 

 

𝗜𝗪𝗪𝗘𝗥 𝗔𝗡 𝗘𝗥𝗜𝗪𝗪𝗘𝗥

1996, 35 min., LU/EN

deutsche Untertitel

 

Am Film vun 1996 geet et ëm d’Awunner vun Eesbech (Eisenbach), vun deenen een Deel op der lëtzebuergescher Säit an een Deel op der däitscher Säit wunnt, a méi speziell ëm den Impakt, deen den Zweete Weltkrich op d’Liewe vun den Awunner hat.

 

4.November 2024 

19.30 Auer

.

@Musée National de la Résistance et des Droits Humains, Esch-Uelzecht

Gratis Entrée

Retour