samedi 22 juillet - samedi 23 septembre
14:00 - 16:00
Centre nature et forêt Ellergronn

Lauschtertrëppeltour „De sëlwer-roude Rack“ mat Maskénada

Op engem Lauschter-Trëppeltour duerch den Ellergronn kanns du mat der ganzer Famill déi al So vum “Ellergronner Schlass” nei erliewen. 

Wéi huet eng Fra vun engem Ritter am fréie Mëttelalter gelieft? Um Wee duerch de Bësch entdecks du Objeten aus der Zäit vum wëlle Ritter a kanns d’Geschicht a 4 verschidde Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch a Portugisesch) lauschteren. All AuteurIn huet a senger Sprooch der Geschicht een neit Liewen agehaucht.

Du brauchs just am Virfeld eng App („Roude Fuedem“) erofzelueden, fir dono d’QR-Coden déi am Bësch verdeelt sinn domadder anzescannen: esou kanns du op de verschiddene Statiounen Deeler vun der Geschicht op dengem Handy lauschteren oder just eng Foto erblécksen. Eng zousätzlech Kaart vum Trëppeltour, déi s du op der Plaz fënns, weis dir net nëmmen de Wee, mee hei erwaarden dech och weider Iwwerraschunge fir nom Trëppeltour ze maachen. Vergiess deng Kopfhörer net (oder eng Bluetooth Box wann dir zu puer sidd) an ee geluerdenen Handy.

Vill Spaass beim Lauschteren an Entdecke fir Grouss a Kleng.

Retour