jeudi 25 avril
22:00 - 00:00
Brasserie K116

Kabarö – Total am Bësch

De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” – “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum – de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn. 
Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten “ale“ Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder éieren dach?

All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.

Dësen Owend ass mat Iessen!
Präis (Kabarett a Menü): 52€ (végétaresch) resp. 55€ (mat Fleesch)
Präis fir Studenten an Aarbechtsloser: 42€ resp. 45€

Et ginn 2 Platen „au Choix“:

  • Menu 1 : Vegetaresch: Curry Vert façon Thaï / Tarte aux pommes, boule de glace vanille (52€)
  • Menu 2 : „Rôti de Veau Orloff, gratin dauphinois, légumes du moment / Tarte aux pommes, boule de glace vanille“ (55€)

Gitt bei der Reservéirung w.e.g. „Menu 1 oder Menu 2“ un.

–> Mir bieden Iech fir speistens um 19.30 do ze sinn, (op ass ab 19.00 Auer). Da geet et lass mam Haaptplat, dann den éischten Deel vum Kabarett, an an der Paus den Dessert.

Infoen zum Mouvement Ecologique a senger
Regional Süden a weider Tourendaten op www.meco.lu

Reservéierung: reservation@meco.lu
 

Information de contact pour cet événement

E-mail: reservation@meco.lu
Internet: http://www.meco.lu/de/
Organisateur: Mouvement Ecologique

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour