jeudi 27 novembre - vendredi 28 novembre
15:00 - 19:45
Ariston

HéngerhautGeschichten

jonke Publikum 6-10 Joer

.

From ECHO.lu

„Fir t’éischt spiers du et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder, éier et säi Wee bis an d’Genéck an hannert d’Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d’Schëlleren d’Äerm erof. Et gëtt dir mol kal, mol waarm dobäi. De Bauch zitt sech e bëssi fäertereg zesummen, an awer ginn déng Ouere grouss op…“

An engem intime Kader lueden d’Erzielkënschtlerin Betsy Dentzer an d‘Perkussionistin Louisa Marxen hire Publikum an, senger Fantasie fräie Laf ze loossen. Aus der ufänglecher Stackdäischtert eraus entstinn erzielte Welten, fir d’éischt just mat Geräischer a Kläng. Lues a lues gëtt et méi hell an d’Hänn, d’Kierperen an d‘Luuchten erziele mat. HéngerhautGeschichten entféiert d’Zuschauerinnen an d‘Zuschauer an eng geheimnisvoll Ambiance, déi an de Käpp nach laang nowierke wäert.

27.11.2025 à 15:00 Acheter des tickets
28.11.2025 à 19:00 Acheter des tickets
Retour