samedi 20 mars
09:00 - 13:00
Place de l’Hôtel de Ville Esch-sur-Alzette

Groussbotz

Dir wëllt iech bedeelege fir eiser Ëmwelt ze hëllefen an dobäi och nach an der frëscher Loft sinn ?

Dann mellt Iech un a kommt bis laanscht, de Samschden, 20. Mäerz, op eis alljärlech Groussbotz !
Treffpunkt ass d’Stadhausplaz wou Dir äert perséinlecht Material verdeelt kritt (Händchen, Säck, Picken). Duerno geet et a klenge Gruppe mat engem Guide op en individuellen Tour fir den Dréck, deen an d’Natur geheit gouf, op ze rafen. Den Tour wäert insgesamt 3 Stonnen daueren, duerno kann een direkt zum Schluss vum Tour heem goen.

Covid-19 Mesuren :

  • Wéinst dem Covid-19 mussen dékaléiert Startzäiten, zweschen 8.00 a 9.00 Auer, gemaach ginn. Är personaliséiert Zäit kritt Dir bei der Umeldung matgedeelt.
  • D’Mask muss wärend der kompletter Manifestatioun gedroe ginn.
  • Ab 5 Persoune muss eng physesch Distanz vu mindestens 2 Meter agehale ginn.
  • D’Iessen an d’Rieden déi traditionell no der Groussbotz als Merci sinn, kennen dëst Joer leider net stattfannen.

Interesséiert ? Dann mellt Iech bis de Mëttwoch 17. Mäerz iwwer d’Mailadress ecologie@villeesch.lu un.

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 26 54 15 41
E-mail: ecologie@villeesch.lu
Organisateur: Ville d'Esch-sur-Alzette

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour