mercredi 22 janvier
Centre Culturel Kulturfabrik

Fréier wor alles

An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artisten op eng virdigital Zäit zréck. D’Zäiten ännere sech, heescht et, an dat an engem Tempo, datt een net méi richteg nokënnt. Mär lafen dem Fortschrëtt hannendrun an en ass eis ëmmer e Schrëtt viraus.
No ‘Sorry fir deen Duercherneen’ (2017) a ‘Märd alors!!!’ (2019) ass dës nei kabarettistesch Liesung eng ofwiesslungsräich, satiresch Zäitrees vun de 60er Jore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie. A Floppy, Dolby a Wifi ware keng Disney-Figuren … Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie an natierlech mat de passende Lidderzitater aus där Zäit. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht. 
De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 55 44 93 -1
E-mail: mail@kulturfabrik.lu
Internet: http://kulturfabrik.lu/fr/programmation/details/event/freier-wor-alles/

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour