dimanche 27 novembre
14:00 - 17:00
Eglise Marie-Reine d’Esch/Lallange

Formatioun fir Kleesercher

Am Hierscht, kuerz virum 6. Dezember, brauch de Kleeschen eng Parti Leit, déi em hëllefen. Mee, wien ass de grousse Frënd vun de Kanner iwwerhaapt a firwat ass en esou beléift bei Grouss a Kleng? Wéi adresséiert een d’Kanner als Kleeschen am beschten a wéi ee Gezei ass dat richtegt, fir datt de Kleeschen och nëmmen net mam „Père Noël“ oder soss engem Weihnachtsmann verwiesselt gëtt? Wou kënnt de Brauchtum ronderëm de Kleeserchersdag iwwerhaapt hier?

Dës Formatioun riicht sech u jonk an al, déi Freed un eisen Traditiounen hunn, an am Kader vu Gemengen-, Veräins- oder private Feierlechkeeten oder fir e Kommerz de Besuch vum “Kleeschen” organiséieren oder selwer „spillen“. 

Retour