jeudi 05 décembre
20:00 - 21:15
Théâtre d’Esch

#Flashback #Heeschesäck #HuMerSossKengPéng?

Vun der Long op d’Zong – an direkt op d’Bün! D’Joer 2024 wäert héchstwarscheinlech nees all Rekorder briechen – a Bezuch op d’Hëtzt an d‘Dréchent, op Stauen, Streidereien an all d’Krisen, déi eis am Klenge wéi am Grousse wäerten heemsichen. Dat ass op jidder Fall den Ausgangspunkt fir de Kabarettist Roll Gelhausen a seng spatz Fieder. Hien huet den Ensemble Cabarenert gegrënnt an als Auteur ë. a. un de Programmer fir d‘Lëtzebuerger Revue an D’Makadammen matgeschriwwen. No zwielef Méint wäert de Roll Gelhausen zeréckblécken op d’Evenementer, déi d’Lëtzebuerger Gesellschaft gepräägt, iwwerrascht, geiergert a gutt duerchgerëselt hunn. D’onendlech Geschicht ronderëm d’Heescheverbuert gehéiert genee sou dozou wéi aner politesch Aventuren a Mesaventuren vun der neier Regierung.

Production – Roll Gelhausen

Vun a mam Roll Gelhausen

05.12.2024 à 20:00 Acheter des tickets
Retour