vendredi 21 février
Escher Déierepark

Fakelwanderung am Ellergronn

Mir freeën eis Iech matzedeelen, dass mir op e neits eng Fakelwanderung vum Escher Déierepark an den Ellergronn proposéieren.
En Freiden, de 21. Februar 2020.

Entdeckt d’Naturreservat “Ellergronn” zesumme mat eisem Guide ob enger flotter Fakelwanderung.
Wärend dëser Visitt, déi speziell fir Famile mat Kanner an Naturbegeeschterter entwéckelt ginn ass, ginn Iech spannend Geschichten iwwert de Minett erzielt.
Lass geet et um 18:15 um Parking vum Escher Déierepark an dauere wäert den Tour bis ongeféier 20:15. W.e.g. sidd e bëssen éischter um Rendezvous.
De Präis läit bei 13,50€ pro Erwuessenen an 11€ pro Kand (Fakel mat abegraff).
Umeldungn iwwer E-Mail un info@redrock.lu entgéint geholl oder Dir kënnt Är Ticket’en och direkt online buchen ënnert dësem Link: https://www.redrock.lu/de/shop/angebote?product=135092 .
Den Tour gëtt ob Lëtzebuergesch duerchgefouert.
D’Plazen si begrenzt, dofir ass d’Umeldung och obligatoresch!
 

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 2754 5991
E-mail: info@redrock.lu
Internet: https://www.redrock.lu/de/shop/angebote?
Organisateur: RedRockRegion

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour