“D’Mam huet dat eenzegt richteg gemaach: Se huet eis “Paus” bäibruecht. Dat, wat se selwer am Beschten konnt. Bevier een mat den Wierder ronderëm hantéiert, muss een d’Paus beherrschen. Den Silence. Dee gehéiert beim Schwätzen dozou. Den richtegen Moment näischt ze soen ass di essentiell Basis vum Schwätzen.”
Wat awer geschitt, wann Paus ze grouss gëtt? Wann den Silence onerdréiglech gëtt? Wann Wierder ufänken, an engem ze jäizen?
D’Mona huet vu klengem un geléiert, dass Wierderwéidoen kennen an et besser ass, den Mond ze halen. Aus Angscht, den aneren Leit wéizedoen, entscheet et sech dozou, seng Paus ze verbesseren, andeems et Fëllwierder benotzt, laacht, Zigaretten ufänkt an Alkohol konsuméiert.
Vu baussen dréit Paus d’Mona ze erdrécken an vun bannen bauen all di onausgeschwaten Wierder Drock op, di gläich explodéieren. Lo muss et sech decidéieren: léist d’Mona sech vum Silence erdrécken oder léist et all di Wierder fräi, di sengem Ëmfeld schueden?
Nom Succés vum Mandy Thiery séngem Débutstéck an der leschter Saison, ass den Escher Theater houfreg et nach eng Kéier op de Programm ze setzen. “Escher Meedchen” ass eng gekonnt Milieustudie iwert den Deel vun der Gesellschaft den oft lénks leien geloos get, dem Mandy Thiery sain Stéck beweist wéi ähnlech dach eis Problemer sin.
“Den Naturalismus vum Text, den sech och zu all Zäitpunkt am Spill vum Brigitte Urhausen spigelt an deen vun der Inszenéierung ënnerstrach gëtt féiert zu engem éierlechen Theater, deen mat Momenter beréiert, […]”
Jeff Schinker, Tageblatt
Dauer: 1h00, keng Paus
Regie:
Rafael Kohn
Bühnebild:
Jörg Brombacher
Mat:
Brigitte Urhausen
Information de contact pour cet événement
Internet: https://theatre.esch.lu/
Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus