dimanche 13 octobre - mardi 15 octobre
11:00 - 15:45
CineAriston

Ech sinn Tiger

jonke Publik ab 6 Joer

Ech si vun hei, du vun anzwousch anescht. Wat fänke Kanner mat dëse Sätz un? Exil, Flüchtling oder Krich – grouss Wierder, déi een de Klengste vun der Gesellschaft bäibrénge muss. Dat ass d’Zil vun Ech sinn Tiger, engem Spektakel, dat Akrobatie, Danz a Molerei verbënnt. Den Hichem kënnt vu wäit ewech, fir endlech a Fridden ze liewen. Am Schoulhaff spillt hie mat dem Marie. Si probéieren een deen aneren ze verstoen. Zwee Kënschtler:innen erzielen dës Renconter, déi d’Choreografin Florence Bernad zesummegestallt huet, op eng duuss a poetesch Manéier. Eng Geschicht iwwer Toleranz a Virwëtz fir Kanner, déi hinnen op Aenhéicht begéint.

Choreographie an Inszenéierung – Florence Bernad

Text – Aurélie Namur

Illustratioun – Anaïs Massini

Choreographie Assistent – Gypsy David

Sound Kreatioun – Nantho Valentine

Luuchten – Nicolas Buisson

Video – Quentin Grélé

Dekors – Ber Caumel

Lëtzebuergesch Audioversioun – Rosalie Maes

Mam Rita Carmo Martins, Simo Mohamed Nahhas (ofwiesselnd mam Djogo Santos)

13.10.2024 à 11:00 Acheter des tickets
15.10.2024 à 15:00 Acheter des tickets
Retour