jeudi 20 mars - dimanche 23 mars
15:00 - 16:00
CineAriston

D’Prinzessin op der Ierbes – Fräi nom Hans Christian Andersen

jonke Publikum 4-8 Joer

P’tit brunch du théâtre 23/03 à 12h00 – Réservation par mail : reservation.theatre@villeesch.lu

Atelier parent-enfant 23/03 à 13h00

D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.

Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.

Produktioun – Escher Theater

Koproduktioun – Prabbeli Wiltz

Stéckentwécklung – Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson

Museksdramaturgie a Kompositiounen – Michel Boulanger, Eleonora Savini

Kompositiounassistenz – Eleonora Savini

Objetdesign, Illustratiounen an Animatiounen – Dan Tanson

Bewegungscoach – Adèle Bourret

Kostümer – Anne-Marie Herckes

Luuchten – Bert Marijsse

Bléck vu Baussen – Linda Bonvini

Berodung – Sandy Artuso

Konstruktioun – Dirk Fuchs, Laurent Kohn

Requisite – Carine Rando de Felice

Mat Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielkonscht)

20.03.2025 à 15:00 Acheter des tickets
23.03.2025 à 11:00 Acheter des tickets
23.03.2025 à 15:00 Acheter des tickets
Retour