vendredi 24 mars
20:00
Centre Culturel Kulturfabrik Esch

De Läb

[LU]

De Läb invitéiert Iech häerzegst de 24. Mäerz an der Kulturfabrik zu Esch an, fir hire neiste Release “Ween Ass am Haus (Gemaach?!)” ze zelebréieren. No der 10-Järeger Jubiläumsfeier mam speziell dofir kreéierte Läb-Orchästra, an der simultaner Release vun der EP, ass et da lo no 4 laange Joren nees esou wäit dass déi fäin Drecksäck aus dem Minett eppes Neies fir hier Leit um Start hunn. Vun der Long op Zong, wäerten de Corbi an den David Fluit, begleet vun de fäinste Museker déi eist d’Land ze bidden huet, Iech d’Trommelfeller masséieren an hunn och déi eng oder aner Surprise am Gepäck mat dobäi. Vir den Optakt an Ausklang suergen Crème de la Crème vun DJ’s, esou wéi och de Bouf vu Mamer, a.k.a. V.I.C deen Iech an enger éischter Partie e gudde Virgeschmaach wäert ginn, vun deem wat dono nach kënnt.

Drot iech den Datum schonn am Kalenner an a sidd live mat dobäi de 24. März an der Kulturfabrik zu Esch!

Warm-up: DJ PC

Support: V.I.C

After-party: KILL EMIL


[ENG]

De Läb cordially invites you to the Kulturfabrik in Esch on March 24th to celebrate their newest release “Ween Ass am Haus (Gemaach?!)”. After the 10-year anniversary celebration with the specially created Läb-Orchestra, and the simultaneous release of the Dekäd EP, it is now after 4 long years that the fine “Drecksäck aus dem Minett” have prepared something new for their fans. From the lungs to the tongue, Corbi and David Fluit, accompanied by the finest musicians that our country has to offer, will massage your eardrums and have one or two surprises in their luggage as well. With the crème de la crème of Luxembourg’s Hip Hop DJs and De Bouf vu Mamer a.k.a. V.I.C will give you a good foretaste of what is to come.

Mark the date in your calendar and join us live on March 24 at the Kulturfabrik in Esch!

Warm-up: DJ PC

Support: V.I.C

After-party: KILL EMIL

24.03.2023 à 20:00 Acheter des tickets
Retour