samedi 07 janvier - dimanche 08 janvier
16:00
Escher Theater – Esch-sur-Alzette

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si schneekeg !

Erëm op festem Buedem. De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen sinn no laanger Rees erëm zréck am Hafen zu Lëtzebuerg. De Kapitän a seng Crew sinn no deem ville Gewibbels elo an Héichform, an op festem Buedem kënnen si mat guddem Gewëssen erëm op hire Bauch lauschteren, gutt iessen a schneeken… hmmm! Pechege Kachkéis, en Zapp-Ee, eng Zoossiss a ganz vill Schockela. De Mullebutz a seng Matrousen invitéieren all kleng a grouss Pirate fir mat hinnen ze sangen an ze danzen. Dëst ass den drëtten Deel vun der beléifter Matmaach-Concert-Serie fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir erwuesse Begleeder !

07.01.2023 à 16:00 Acheter des tickets
08.01.2023 à 11:00 Acheter des tickets
08.01.2023 à 15:00 Acheter des tickets
Retour