samedi 18 décembre - dimanche 19 décembre
Escher Theater – Esch-sur-Alzette

De Kapitän Mullebutz

No méi wéi engem Joer Corona wëllen de Kapitän Mullebutz a seng Matrousen nees Gas ginn. Si hu schlëmm no de klengen a grousse Pirate verlaangert a si lo net méi ze bremsen, fir zesummen eng grouss Party ze feieren.
Danzen, Sangen, Sprangen… a gutt Laun stinn um Programm! Och d’Madamm Li ass nees derbäi a freet sech, dass d’Matrouseband an de ganze Publikum a Form kënnt.
Den zweeten Deel vun der erfollegräicher Iddi, flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock- a Popsongs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze sangen, ass no deem laange Lockdown nees zeréck op Tournée. De Kapitän an de Steiermann hunn Toplidder, souwéi deen een oder aneren neie Song an de Programm geholl. Et versprécht e grousse Spaass ze ginn. Kommt, sangt an danzt mat eis!
Fir déi Leit, déi net esou gutt héiere kënnen, hu mir eng nei Séisswaassermatréisin u Bord, déi dem Kapitän säi Gebraddels a Gebäerden iwwersetzt.

Koproduktioun Escher Theater

Iddi a Gesang Dan Tanson
Arrangementer, musikalesch Direktioun, Piano, Akkordeon, Klackespill a Gesang Georges Urwald
Bassgei Tom Wiot
Gei a Gesang Noémie Leer
Gesang, Getrommels a Programmatioun Max Sauber
Gittar Christian Peckels
Sopran- an Altsaxophon, Backing Vocals Jessica Quintus
Trombonn Patrick Kim Wilhelm
Trompett Jhang Kohnen
Gebäerdesprooch Lynn Menster
Toun Georges Majerus

Produktiounsleedung Arend Herold
Bléck vu baussen Milla Trausch
Beweegungscoach Nathalie Moyen
Kostüm Anne-Marie Herckes, Joey Adam
Illustratiounen an Zeechentrickfilmer Claude Grosch
 

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 2754 5010 / 5020
E-mail: events.theatre@villeesch.lu
E-mail: reservation.theatre@villeesch.lu
Internet: https://theatre.esch.lu/

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour