De 16. Mee invitéiert de CID | Fraen an Gender iech ee feministesche Bléck op ausgewielte Biller vun der renomméierte Fotografin Linsey Addario ze geheien.
.
Am Kader vun enger Visite guidée duerch d’Fotoausstellung „Women in War“ am Nationale Resistenzmusée zu Esch, gëtt een gendersensibele Fokus op Krich- a Konfliktsituatioune geluecht.
Themen wäerte sinn: D’Ursaachen vu Vergewaltegung als Krichswaff, d’Bedeitung vun enger feministescher Aussepolitik an Iwwerleeungen zu engem feministesche Friddensbegrëff.
Sidd Dir interesséiert? Da mellt iech w.e.g. ënnert info@cid-fg.lu un.
D’Visite wäert op Lëtzebuergesch sinn.
Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité a vum Ministère de la Culture.
.