dimanche 01 mars
Conservatoire de Musique

D’Blechbraddler

ab 7 Joer
 
Michel Berns & Guy Conter, Trompett – Jean-Claude Braun, Cor
Claude Origer, Trombonn – Claude Schlim, Euphonium

Dir hutt bestëmmt Loscht mol eng Kéier kräfteg an ee Blechblosinstrument ze blosen fir iech ze iwwerzeegen ob dir dobäi een Toun erauskritt? Keng Angscht, dir braucht keng Ouerestëpp matzebréngen! Eis Instrumenter kënnen zwar haart a jäizeg sinn, mee mir beweisen Iech, datt och de Géigendeel méiglech ass.
 
Mat engem fuschneien Programm, ganz doucen an awer och wëlle Kläng, mat mol méi lëschtegen a mol méi eeschte Stécker, mat luesen a schnelle Melodien, weise mir Iech déi ganz Panoplie u Klangfaarwen déi Trompett, Cor, Trombonn an Euphonium ze bidden hunn.
 
Nom Concert ass et dann un iech ze „blechbraddelen“ wann dir d’Instrumenter selwer ausprobéiert. Mir si gespaant a freeën eis op iech!
 
 

Information de contact pour cet événement

Téléphone: 00352 27 54 97 25
E-mail: reservation@conservatoire.villeesch.lu
Internet: http://www.conservatoire.esch.lu
Organisateur: Conservatoire de musique de la Ville d'Esch-sur-Alzette

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour