dimanche 05 janvier - jeudi 09 janvier
11:00 - 16:00
CineAriston

Dat klengt Meedchen aus dem Mier

jonke Publik ab 7-11 Joer

P’tit brunch du théâtre – 05/01 à 12h00 – Réservation par mail : reservation.theatre@villeesch.lu

Atelier parent-enfant – 05/01 à 13h00

A Menina do Mar ass dat éischt Kannerbuch, dat déi bekannt portugisesch Schrëftstellerin Sophia de Mello Breyner Andresen 1958 geschriwwen huet. Dëst Märchen erzielt vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft tëscht engem Jong, deen um Land wunnt, an engem Meedchen, dat am Mier lieft. De Virwëtz vun deenen zwee Kanner erméiglecht et hinnen, trotz hirer Verschiddenheet, deem aneren seng Welt kennen an acceptéieren ze léieren. D’Meedche léiert wat et heescht, eppes ze begieren, a wat Frëndschaft a Freed ass; de Jong ass averstanen, seng Welt opzeginn a mam Meedchen um Mieresbuedem ze liewen.

Produktioun – Escher Theater

Koproduktioun – La Compagnie du Grand Boube ; CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck

Fräi aus dem Kannerbuch adaptéiert – La petite fille de la mer de Sophia de Mello Breyner Andresen, éd. de la Différence, 1994

Adaptatioun an Inszenéierung – Rita Bento dos Reis

Assistentin bei der Inszenéierung – Claire Wagner

Kënschtleresch Zesummenaarbecht – Isabel Bento dos Reis

Scenographie a Kostümer – Peggy Wurth

Sound Kreatioun a Video Redaktioun – Marguerite Le Bourgeois

Video Animatioun – Lemur Stop Motion Studio du Lycée Ermesinde

Mam Pitt Simon, Magaly Teixeira

05.01.2025 à 11:00 Acheter des tickets
09.01.2025 à 15:00 Acheter des tickets
Retour