jeudi 03 juin
Centre Culturel Kulturfabrik

CNL Liesrees

Den CNL a Kooperatioun mat der KUFA an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren lued an op Le trésor ambulant, eng Literaturliesung mam Michel Clees, Tullio Forgiarini a Georges Kieffer.
D’Liesjoer 2020/21 ass e besonnesch spannend. Et ass opfälleg, wéi villfälteg d’literaresch Welte sinn, déi d’Auteuren eis am Moment presentéieren.
Hannert de kuerzen an zum Deel krypteschen Ee-Wuert-Titelen Parterre, Captcha, Céruse an Iwwerliewen verstoppe sech komplex Welten, déi vu Syrien bis op d’Musel, vun enger Berliner Wunngemeinschaft bis an d’opulent Villa vun engem megalomane Millionär, an dann och bis an d’Fiktioun selwer reechen.
En Owend voller Entdeckungen!
Musikalesch Begleedung: Georges Goerens, aka Bartleby Delicate, an Niels Engel, artistes en résidence an der Kulturfabrik.

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 55 44 93 -1
E-mail: mail@kulturfabrik.lu
Internet: http://kulturfabrik.lu/fr/programmation/details/event/cnl-liesrees-1/

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour