mercredi 08 mai
Café Streik!

Ciné-débat : THE TRUE COST

Wou kommen eis Kleeder hier, wien sinn déi Mënschen, déi se hierstellen, a wat fir een Impakt huet dat op eis an op eis Ëmwelt? “The True Cost” ass een Documentaire deen de Präis, dee mir am Buttek fir eis Kleeder bezuelen, a Fro stellt an dofir alleguerten déi Leit a Plazen an de Mëttelpunkt stellt, déi hannert dëse Kleeder stiechen.

Den 8. Mee um 19h00 weisen déi jonk gréng den Film “The True Cost” am Café Streik zu Esch (OV, mat FR Ennertitelen). Kommt an diskutéiert duerno mat eisem Invité Georges Kieffer vu BENU Village ESCH asbl an mat eisen jonk gréngen Kandidaten fir d’Europawahlen, Meris Sehovic, Jessie Thill an Tanja Duprez.

Mir freeën eis op iech an op ee spannenden Debat! 💚

Wolz-CinéDébat/THE True COST-Who pays the price for our clothing
Du kanns deen Dag net dobäi sinn? Mir weisen de Film och den 6. Mee um 19h am Ciné Prabbeli zu Wolz.

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 27 48 271
E-mail: jonk@greng.lu
Internet: https://www.jonkgreng.lu
Organisateur: déi jonk gréng

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour