Flüttenklass vum
Päivi Kauffmann
Cellosklass vum
Anna Origer
Piano
Lynn Orazi, Isabelle Origer
Erzielerin
Anne Treinen
D‘Jane an den Norman wunnen an der klenger Staat Butternut. Iwwert d‘Chrëschtdeeg fuere si an dat verschneitend New York. Si kommen aus dem Staunen net méi eraus. Iwwerall erkléngen amerikanesch Chrëschtdagssongs. Hmmm, an et richt no gebrannten Nëss. Op der Rockefeller Plaz steet de gréisste Chrëschtbam deen si jee gesinn hunn. Do kann een och esouguer Schlittschong fueren. Et blëtzt am Himmel an et héiert een dem Santa Claus säi Schlitt. Kënnt hien och op d’Äispiste? Wann dir eng Äntwert op des Fro wëllt, da braucht dir nëmmen de Museker, de Flüttisten an Cellisten, op eisem Concert nozelauschteren.
Bis geschwënn,
d‘Chrëschtdagsteam,
Päivi & Anna
Den Escher Conservatoire ass Member am Réseau Kulturpass.
Sonndes, 5. Dezember um 10 Auer a lëtzebuerger Sprooch fir Kanner vun 7 bis 9 Joer
Information de contact pour cet événement
Téléphone: 00352 27 54 97 25
E-mail: events.conservatoire@villeesch.lu
E-mail: reservation.conservatoire@villeesch.lu
Internet: http://conservatoire.esch.lu
Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus