Eng Fra an engem geschlossene Raum
Agespaart
Mat Medikamenter roueg gestallt
Vun enger Kamera iwwerwaacht
Se verzielt aus hirem Liewen
Vun hirer Kandheet
Vu Mëssbrauch an Ofhängegkeet
Vun hire Männer, déi all op eng tragesch
Manéier ëmkomm sinn
Ween ass hei schëlleg
Ween ass d’Affer
A ween ass deen hannert der Mauer, deen een ni gesäit
D’Autopsy vun enger verluerener Existenz
Dauer: 1h30, keng Paus
Regie:
Jemp Schuster
Musék:
Georges Urwald
Bühn & Technik:
Serge Hoffmann
Mat:
Michèle Turpel
Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus
Retour