samedi 27 janvier - dimanche 28 janvier
20:00 - 18:15
Théâtre d’Esch

An der Schwemm

Ee Kappsprong an d’lëtzebuergesch Museksgeschicht! Gutt honnert Joer, nodeems der Komponistin Lou Koster hiren eenzege Musekstheater 1922 uropgefouert gouf, ass An der Schwemm an enger adaptéierter Versioun am Escher Theater ze gesinn. Fir d’Operette huet deemools de Schrëftsteller a Journalist Batty Weber d’Libretto op Lëtzebuergesch geschriwwen. Erzielt gëtt d’Geschicht vun der selbstbewosster Schwëmmerin Lory, déi sech géint d’Avancë vum Fonctionnaire Zengerlé zur Wier setzt. Verkuckt huet hatt sech an de scheien Zaldot a Schwammmeeschter Reddy. D’Schwemm gëtt an dësem mol monteren, mol kriteschen Zenario zum Schmelzdigel vum gesellschaftleche Liewe vun den 1920 Joren. D’Bün gehéiert dobäi ganz der Haaptfigur, déi d’Fräiheet fir sech reklaméiert. Fir dës Opféierung huet d’Komponistin Tatsiana Zelianko zwou kuerz Zeene kreéiert. An de Rol Gelhausen, bekannt uechtert d’Land als Kabarettist a Komponist, huet sengersäits ee kuerzt Libretto geschriwwen. Mat engem Gespier fir d’Stëmmung vum Original féiert hien d’Geschicht aus der Vergaangenheet an eis Géigewaart an entlackelt hir ganz eege Pointen.

No der Virstellung den 28. Januar invitéiere mir Iech op e Nogespréich am Sall mat de Kënschtler.

Production – Opera mobile

Coproduction – Escher Theater ; CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck ; Festival Wiltz ; INECC Luxembourg ; MASKéNADA

Inszenéierung – Marion Rothaar Libretto Batty Weber, Roland Gelhausen

Musek – Lou Koster, Tatsiana Zelianko

Musikalesch Leedung – Jonathan Kaell

Bünebild a Kostümer – Peggy Wurth

Regieassistenz – Laetitia Lang

Coiffure a Maquillage – Joël Seiller

Gesank – Christophe Bornet, Loïc Schlentz, Valérie Stammet

Orchester – Orchestre de Chambre du Luxembourg

Chouer – INECC Luxembourg

Weider Virstellungen am CAPE zu Ettelbréck (03 & 04/02) an um Festival de Wiltz (29/06)

27.01.2024 à 20:00 Acheter des tickets
28.01.2024 à 17:00 Acheter des tickets
Retour