samedi 03 octobre
Escher Bibliothéik

BESA Book folding – Upcycling mat Bicher

Zesumme mam Yasmine Offermann bitt d’Escher Bibliothéik zwee Atelieren un, fir d’Grondtechnike vum „Book folding“ ze léieren an esou Bicher, déi net méi gelies oder ausgeléint ginn, e neit Liewen ze schenken.
D’Escher Bibliothéik stellt d’Material zur Verfügung. Falls Där en eegent Buch hutt, wat Där fale wëllt, kënnt Där dëst gäre matbréngen.
De Workshop ass gratis a vun 10 Joer un. Fir déi sanitär Moossname kënnen ze respektéiere sinn 2 Ateliere mat jeeweils maximal 5 Participante virgesinn.

Horaires:
1. Atelier : 15:00 (Dauer ca. 1,5 Stonn)
2. Atelier : 17:00 (Dauer ca. 1,5 Stonn)

Umeldung: events.bibliotheque@villeesch.lu
Betreff: „Book folding Atelier 1“ oder „Book folding Atelier 2“
Oder per Telefon: +352 27 54 4960 bis spéitstens den 25/09/2020

Net accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit.

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 2754 4960
E-mail: events.bibliotheque@villeesch.lu
Internet: https://bibliotheque.esch.lu/
Organisateur: Escher Bibliothéik

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour